|
Wei deemools
alles ugefaangen huet....
|
| Op engem kale Wanterdag op der Scheierheck am Bësch bei de Moueren | ![]() |
|
E puer stramm Kollegen, de Pol, de Jacques, de Vic, den Abbes, de Ren, de Jim, den Thierry an den Emmes hunn sech Rendezvous ginn bei de Moueren. Si fänken do direkt mol un, ronderëm sech e bëssi Plaatz ze maachen, a gläich duerno gëtt och schon dee Klenge vun deenen 2 Moueren ausgepompelt |
| Wei dat seleche Waasser all bis eraus war, ass et och schon direkt un d'Schëppe gaangen, an de pechege Leem ass Stéck fir Stéck iwwert eng schmuel Brëtsch eraus gefouert ginn. Déi éischt Fondstecker hunn net laang op sech waarde gelooss. |
| D'Motivatioun ass permanent eropgaangen, a jiddereen huet eng kräfteg Hand mat ugepaakt. |