D'Georges Kayser Altertumsfuerscher sinn eng ganz äerdeg Band, déi den Drang verspieren sech op den Spuren vun eise Virfahren ze beweegen. Si geroden ëmmer ewéi an Extase, wann se erëm iergend eppes Neies entdeckt hunn. Selwer war ech schon live un Ausgruewunge bedeelegt, an ëmmer erëm faszinéiert vun der Atmosphäre, déi ech do an deeër kollegialer Equipe fonnt hunn. „Freake" kéint een se och schon bal ganz léif nennen, déi Leit déi sech do ouni laang ze zécken, fir alles Antikes asetzen. Ech kenne kaum een Club deen sech esou fir d'Geschicht asetzt wei d'G.K.A.(d'Georges Kayser Altertumsfuerscher). Vun den diversen Ausgruewungen, wei och nach niewebäi den Noutausgruewungen guer net ze schwätzen, ëmmer bereet an kierzter Zäit op iergend eng Plaz am Land ze goen, fir do aktiv d'Spure vun der Geschicht laang virun eiser Zäit ze erhalen, an fir eis nächst Generatiounen ze versuergen.

Den G.K.A.-Webmaster Mucki.